Bei Faakelliicht duerch d’Miseler Wéngerten

  Samstag, 14 Dezember 2019

Bei Faakelliicht duerch d’Miseler Wéngerten

Léif Wander- & Genéisser-Frënn, den Samschdeg, 14. Dezember organiséieren mir erëm bei Faakelliicht eng Wanderung duerch eis Miseler Wéngerten. Passend zu der Saison, kritt Dir ënnerwee een Menü ugebueden mat enger Kürbiszopp, Kniddelen an engem Boxemännchen. Natierlech gëtt et bei all Stand och een gudden Miseler Patt oder Glühwäin ze genéissen. Fir Kanner hu mir och Schoki virgesinn.

Lass geet et em 17:30 Auer zu Bech-Maacher beim Office Régional du Tourisme, duerch d’Uertschaft erop an d’Wäibierger bis op Welleschten an erëm zeréck op Bech-Maacher.

Erlieft an Begleedung vun eisen Guiden eis Miseler Wéngerten emol anescht, an loosst iech spannend Geschichten an Anekdoten aus der Géigend erzielen!

An heemlecher Atmosphär kënnt dir den Owend dann zu Bech-Maacher am Keller vum ORT auskléngen loossen.

Treffpunkt: Bech-Maacher beim ORT; 52, route du Vin L-5405
Präis: 25,00€ pro Erwuessenen; 12,00€ pro Kand (< 16 Joer)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Start: 17:30 Auer
Dauer: 3-4 Stonnen; Längt vum Tuer: ca. 6km; Schwieregkeetsgrad: mëttel
Umeldung:

D'Plazen sinn begrenzt an är Umeldung ass mat enger Iwwerweisung garantéiert. Mir géingen iech dofir bieden d’Suen bis spéitstens den 10.12.2019 op folgenden Kont z‘iwwerweisen:

Bank : Caisse Raiffeisen (CCRA); BIC/Swift Code : CCRALULL
IBAN: LU58 0090 0000 0790 0384; Zahlungsempfänger: ORT Moselle Luxembourgeoise
Betreff: Faakelwanderung 14.12.2019

Oppassen: et ass leider kee Remboursement méiglech!

An der Hoffnung dass d’Wieder matspillt, freeën mir eis elo schonn iech bei eiser Faakelwanderung derbäi ze hunn!

 

Diese Webseite verwendet Cookies zum Zwecke der Optimierung des Angebots und der Personalisierung von Inhalten. Indem Sie auf der Seite weitersurfen, stimmen Sie der Verwendung dieser Cookies zu. Weitere Infos