Bei Faakelliicht duerch d’Miseler Wéngerten

  Samstag, 14 März 2020

Bei Faakelliicht duerch d’Miseler Wéngerten

Léif Wander- & Genéisser-Frënn, mir verabschiden eis vun der Wantersaison mat eiser, schonn traditonneler, Fakelwanderung duerch eis Miseler Wéngerten. De Samschdeg, 14. Mäerz gëtt Iech op där Wanderung ee Menü ugebuede mat enger Zopp beim Wënzer René Bentz, Kniddele beim Restaurant Wäistuff A Possen, an een Dessert am Keller vum ORT.
Natierlech gëtt et bei all Stopp och ee gudde Miseler Patt, Crémant oder Drauwejus ze genéissen.

Lass geet et em 18:45 Auer zu Bech-Maacher beim Office Régional du Tourisme, duerch d’Uertschaft erop an d’Wäibierger bis op Welleschten an erëm zeréck op Bech-Maacher.

Erlieft a Begleedung vun eise Guiden eis Miseler Wéngerten emol anescht, a loosst iech spannend Geschichten an Anekdoten aus der Géigend erzielen!

An heemlecher Atmosphär kënnt dir den Owend zu Bech-Maacher am Keller vum ORT mat engem Patt vum Domaine Schram ausklénge loossen.

Treffpunkt: Bech-Maacher beim ORT; 52, route du Vin L-5405
Präis: 25,00€ pro Erwuessenen; 12,00€ pro Kand (< 16 Joer)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Start: 18:45 Auer
Dauer: 3-4 Stonnen; Längt vum Tuer: ca. 6km; Schwieregkeetsgrad: mëttel
Umeldung:
D'Plaze si begrenzt. Är Umeldung gëtt mat der Iwwerweisung garantéiert. Mir géingen iech dofir bieden d’Suen bis spéitstens den 10.03.2020 op folgende Kont z‘iwwerweisen:

Bank : Caisse Raiffeisen (CCRA); BIC/Swift Code : CCRALULL
IBAN: LU58 0090 0000 0790 0384; Zahlungsempfänger: ORT Moselle Luxembourgeoise
Betreff: Fakelwanderung 14.03.2020

Oppassen: et ass leider kee Remboursement méiglech!

Elo schonn e grousse Merci un de Musée "A Possen", Wäistuff a Possen, Caves René Bentz an Domaine Schram fir déi wonnerbar Kollaboratioun!

An der Hoffnung dass d’Wieder matspillt, freeë mir eis elo schonn iech bei eiser nächster Fakelwanderung derbäi ze hunn!

 

Diese Webseite verwendet Cookies zum Zwecke der Optimierung des Angebots und der Personalisierung von Inhalten. Indem Sie auf der Seite weitersurfen, stimmen Sie der Verwendung dieser Cookies zu. Weitere Infos