Richtegt Handele ka Liewe retten

Donnerstag, 30 März 2023 18:30:00

Das Programm

Richtegt Handele ka Liewe retten

D’Chancegläichheetskommissioun vun der Stad Gréiwemaacher organiséiert Éischt-Hëllef-Coursen iwwer mental Gesondheet:

Richtegt Handele ka Liewe retten

D’Éischt-Hëllef-Coursen iwwer mental Gesondheet vermëttele Grondwëssen iwwer psychesch Stéierungen a Krisen, souwéi iwwer d’Unzeechen, d’Symptomer an d’Risikofaktoren. Konkreet Éischt-Hëllef-Moossname léiert an übt Dir am Cours bei: Suizidgedanken a suizidärem Verhalen, Panikattacken, traumateschen Ereegnesser, schwéiere psychoteschen Episoden, Folge vun Alkoholkonsum an anere Substanzen souwéi aggressiivt Verhalen.

Am Präis vu 26 € enthalen ass d’Éischt-Hëllef-Handbuch. Virkenntnesser sinn net erfuerdert. Fir den Zertifikat ze kréien, musst Dir bei deene véier Module derbäi sinn, (d’maximal Feelzäit ass 1 Stonn). D’ Behandlung vun eegene psychesche Probleemer ass net am Cours virgesinn.

  1. 9. Mäerz: Modul 1 (18:30 – 21:30Auer)
  2. 16. Mäerz: Modul 2 (18:30 – 21:30 Auer)
  3. 23. Mäerz: Modul 3 (18:30 – 21:30 Auer)
  4. 30. Mäerz: Modul 4 (18:30 – 21:30 Auer)

Am Keller vun der Zéintscheier (20, rue de la Poste)

Mellt Iech un um Tel. 75 03 11-1 oder iwwer 

Allgemeine Informationen

Lage

Zéintscheier (Keller)
20, Rue de la Poste | L-6774
T. 7503111



Preise

Diese Webseite verwendet Cookies zum Zwecke der Optimierung des Angebots und der Personalisierung von Inhalten. Indem Sie auf der Seite weitersurfen, stimmen Sie der Verwendung dieser Cookies zu. Weitere Infos