Freitag, 31 März 2023 20:00:00 MONDORF-LES-BAINS
Harmonie Municipale Mondorf-les-Bains
D'Malou Garofalo wäert d'Solistin vum Fréijoersconcert vun der Harmonie Municipale Mondorf-les-Bains am Casino 2000 den 31. Mäerz 2023 sinn. Um Programm steet ënner anerem dem Oscar Navarro säin II Concerto fir Klarinett an Orchester, Hispania (fantasia espanola) Avengers Suite (Alan Silvestri) a Crescent Moon (Jan van de Roost).
Gebueren zu Lëtzebuerg, fänkt d’Malou Garofalo am Alter vu 6 Joer un Klarinettecoursen zu Esch-Uelzecht am Conservatoire beim Här Francis Schummer ze
huelen. Nodeems hatt den Diplôme supérieur an der Klarinett an an der Kammermusek,
souwéi en éischte Präis an der Bassklarinett gemaach huet, perfektionéiert hatt
sech wärend zwee Joer um Conservatoire Royal de Musique zu Bréissel mam
Professer Ronald van Spaendonck.
D’Malou Garofalo setzt dann séng Studien op der Hochschule für Musik Saar beim Professer Eduard Brunner fort, wou hatt säin Diplom Konzertreife an der Klarinett an an der Kammermusek kritt.
Donieft schafft hatt mam Olivier Dartevelle am Conservatoire zu Lëtzebuerg
a kritt do den Diplôme de Concert. Verschidde Masterclassen mat
renomméierte Professeren wéi zum Beispill dem Wolfgang Meyer, Walter
Boeykens, Sharon Kam, Michel Arrignon oder Martine Leblanc hëllefen
him säi musikalescht Wëssen ze erweideren. Hatt ass Lauréate vu verschidden internationalen Concoursen, ënner aneren dem Concours pour Jeunes Solistes zu Lëtzebuerg, dem Concours vun der Yamaha Music Foundation, dem Kammermuseksconcours International *Forum an dem Torneo Internazionale di Musica.
Wärend zwee Joer schafft hatt als Stagiäre am Orchestre Philharmonique
du Luxembourg, wou hatt och reegelméisseg als Remplaçante engagéiert
gëtt.
Aktuell ass hatt als Solo Klarinettistin am Orchestre de Chambre de Luxembourg
OCL täteg, enseignéiert am Conservatoire vun Esch-Uelzecht a spillt
Concerten als Solistin oder mat verschiddenen Ensembelen.
Säit 1997 ass d’Malou och aktive Member an der Harmonie Municipale
Mondorf-les-Bains.
CASINO 2OOO
RUE FLAMMANG | L-5618 MONDORF-LES-BAINS
T. 00352236111