Eng Äerd a Presenz vum Realisateur

Wednesday, 01 April 2020 20:00 GREVENMACHER

Den neien Documentaire iwwert d'Verschwende vu Ressourcen a Lëtzebuerg
Wann all Mënsch op der Äerd géing ewéi den Duerchschnëtts Lëtzebuerger liewen, da bräichte mir 8 Planéite fir der ëmmer méi héijer Nofro am Land no Ressourcen nozekommen. De Film "Eng Äerd" presentéiert ökologesch Initiativen am Land déi vu Léit an d'Liewe geruff goufen, déi sech géint dës Verschwendung wieren. De Film encouragéiert säi Public iwwert hiren eegene Verbrauch nozedenken a presentéiert Alternative fir eng besser, méi gesond Gesellschaft déi an Harmonie mat der Natur ka liewen.
Dir kënnt nom Film dem Realisateur Tom Alesch Är Froe stellen a mat him eng animéierten Diskussioun féieren.
Et gëllen déi normal Kinostariffer.
Org. Kulturhuef

general information

Location


54 ROUTE DE TREVES | L-6793 GREVENMACHER



Contact

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. More info