Bei Faakelliicht duerch d’Miseler Wéngerten

  Tuesday, 2 February 2019

Bei Faakelliicht duerch d’Miseler Wéngerten

Léif Wander- & Genéisser-Frënn, den neien Datum fir d’Fakelwanderung steet fest: 9. Mäerz 2019


Lass geet et zu Réimech virum Centre Visit Remich (Gare routière), duerch d’Uertschaft erop an d’Wäibierger bis op Bech-Klengmaacher an erëm zeréck op Réimech.

Ënnerwee erwaarden iech kulinaresch Stänn mat engem gudden Miseler Patt oder waarmem Wäin an Schocki fir d’Kanner & en klengen Maufel ze iessen.

Erlieft an Begleedung vun eisen Guiden eis Miseler Wéngerten emol anescht an loosst iech spannend Geschichten an Anekdoten aus der Géigend erzielen!

Départ: Centre Visit Remich (Gare routière)
Präis: 20,00€ pro Erwuessenen; 10,00€ pro Kand (< 10 Joer)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Start: 19.00 Auer
Dauer: ca. 3 Stonnen
Umeldung:

D'Plazen sinn begrenzt an är Umeldung ass mat enger Iwwerweisung garantéiert. Mir géingen iech dofir bieden d’Suen bis spéitstens den 07.03.2019 op folgenden Konto ze iwwerweisen:

IBAN: LU58 0090 0000 0790 0384
Zahlungsempfänger: ORT Moselle Luxembourgeoise
Betreff: Fakelwanderung 09.03.2019

Oppassen !
Et ass leider kee Remboursement méiglech.

An der Hoffnung dass d’Wieder dës Kéier matspillt, freeën mir eis elo schonn iech bei eiser Faakelwanderung derbäi ze hunn!

 

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. Plus d’informations