Brass & Voices
Kompositionen von Johan De Meij, Philip Sparke, …
D’Maacher Chorale huet d’Freed, Iech häerzlech op e ganz besonnesche Concert anzelueden, deen zesumme mat der Harmonie Union Troisvierges organiséiert gëtt.
.
Am éischten Deel steet déi Elwenter Musek am Mëttelpunkt, zesumme mam international renomméierten Euphonium-Virtuos Glenn van Looy. Um Programm stinn ënner anerem das UFO-Concerto (Johan de Meij) an Song for Ina (Philip Sparke).
Am zweeten Deel vereene sech d’Maacher Chorale, d’Elwenter Musek an d´Orchester L’Estro Armonico fir eng grouss Rees duerch d’Welt vun der Filmmusek. Mat Wierker vu bekannte Komponisten ewéi Hans Zimmer, James Horner, Howard Shore an Ennio Morricone, erwaart Iech eng emotional an epesch Klangerfarung.
- Harmonie Union Troisvierges
- Glenn Van Looy, Euphonium
.
- Chorale Municipale Grevenmacher
- L'Estro Armonico