Wann? Samstag 20.09.202510:00 - 16:00 Uhr

Fun4All@Baggerweier

Wo? BREICHERWEE, L-5441 REMERSCHEN Theater, Film & Shows

Fun4All@Baggerweier

Bei engem gemittleche Spazéiergang ronderëm de Baggerweier, erwaarden iech eng Partie Aufgaben, deenen dir iech als Grupp sollt stellen. Dobäi sollen den Amusement an de Spaass un éischter Stell stoen.

D’Participante sinn a verschidde Kategorien agedeelt an et gëtt e flotte Präis fir déi Equipp aus all Kategorie, déi di meeschte Punkte gemaach huet.

Fir deelzehuelen kënn dir eis den Umeldeformular ausfëllen a per E-Mail zréckschécken. Mee dir kënnt eis awer och telefonéieren. D’Umeldung ass offiziell wann de Participatiounsbäitrag vun 20 Euro pro Grupp op eisem Kont ukomm ass.

.

Fir är Umeldung a weider Informatioune gëllt d’Email-Adress .fun4all2025@outlook.com

oder d’Telefonsnummer 691 200 220

Selbstverständlech ass während dem ganzen Event och beschtens fir Iessen, Gedrénks an Animatioun gesuergt.

! Passt w.e.g. är Kleedung dem Wieder un !


detailliéiert Beschreiwung an Umeldeformulaire: op FRANSEICH an op LETZEBOIESCH

© Erliefnis Baggeeweier
Die nächsten Termine
Samstag 20.09.202510:00 - 16:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Remerschen - Baggerweieren
BREICHERWEE
L-5441 REMERSCHEN
Auf Karte anzeigen


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.