Mobilitéitsdag
am Park Mäertert
-E-Bikes gratis ausléinen (vun 10h30-17h30 / Carte d'identité virweisen)
-E guidéierte Vëlostour (10km / 300 HM / Depart um 10h45 bei der Waasserspillplaz)
-E guidéierte Wandertour (30km / 480 HM / Depart um 14h00 bei der Waasserspillplaz)
.
Kommt bis laanscht a profitéiert fir iech en E-Bike gratis auszeléinen. Entweder fir e puer Stonnen oder de ganzen Dag vun 10h30-17h30. Donieft kënnt dir och um Vëlos- oder Trëppeltour deel huelen. Umellen ass net erfuerderlech.
.
Organiséiert vun der Gemeng Mäertert, hirem Klimapakt-Team an Zesummenaarbecht mat Rent a Bike Miselerland.