Repair Café
Mertert
Am Repair Café flécken eis Repairer gratis mat iech zesummen är al oder futtis Saachen. Dat kënne Kaffismaschinnen, Drucker, Wasserkocher, Vëloen, Spillsaachen, Miwwelen a soss Géigestänn sinn. Wärend dem Flécke versuerge mir iech mat Kaffi & Kuch. Kommt roueg mat äre Saache laanscht, eis Repairer hëllefe gären. A wann dir selwer Loscht um Flécken hutt, mellt iech iwwer environnement@mertert.lu bei eis. Eis Repairer-Ekipp freet sech iwwer all Ënnerstëtzung.
24.10.2026.
Atelier communal Mertert
34,Route de Wasserbillig, Mertert.