Wann? Samstag 28.11.202618:30 Uhr

Shadows‘ Night 2026 : Metal fir jiddereen

Wo? 3, Place du Marché aux Bestiaux, L-6731 Grevenmacher Musik Festivals

Shadows‘ Night 2026 : Metal fir jiddereen

.. Shadows’ Night 2026: Metal fir jiddereen    D’Shadows’ Night 2026 ass e gratis Metal-Festival , deen den 28. November 2026 am Centre Culturel Machera stattfënnt. Organiséiert gëtt de Festival vun der Shadows’ Night ASBL a Kooperatioun mat der Regionaler Maacher Musekschoul, Metality an dem INECC (Institut de Chant Choral). Op der Bühn stinn dëst Joer eng Rei regional Bands aus Lëtzebuerg, der Regioun Tréier an dem Saarland , dorënner Next Deed , Rotten Soil , Jesterain , Fanfare Gouschteng-Beyren goes Metal a ShadoWhisperS . Ausserdeem trëtt déi ganz nei a jonk Band ERASR op, déi aus dem Metality-Projet „me:talent“ ervirgaangen ass. Fir eng ganz besonnesch musikalesch Erfahrung suerge Heavy Hoempa aus Holland, déi Metal op Blosinstrumenter interpretéieren. Och de Public kënnt op seng Käschten: Beim mëttlerweil legendäre Metal-Choraoke vum INECC ass jidderee wëllkomm fir aus dem Public eraus matzesangen. Nieft engem ofwiesslungsräiche musikalesche Programm ginn et Iessen a Gedrénks souwéi vill Stänn vu lokale Bands an Associatiounen.   Den Entrée ass fräi.     Schonn am Virfeld vum Festival organiséiert d’Shadows’ Night ASBL de 15. November 2026 de Shadows’ Day . Um Programm stinn Liesunge fir Kanner a Jonker zum Thema Metal a mental Gesondheet , ënner anerem mam Buch „Micha und der Metal“ vum Dr. Nico Rose an dem Buch „Don’t be Poe!“. Doriwwer eraus bitt d’Ligue Santé Mentale e Workshop un. Och de Shadows’ Day ass gratis . Fir d’Liesungen an d’Workshops ass awer eng Virumeldung erfuerderlech . Fir Sängerinnen, Sänger a Museker ginn zousätzlech Workshops ugebueden, dorënner e Workshop fir Harsh Vocals mam Sandra Lutz vun der Band Parity souwéi Workshops fir Bléiser mat Heavy Hoempa. Méi Informatiounen an d’Umeldunge fir d’Liesungen, d’Workshops an d’Stänn fannt Dir op  www.shadowsnight.com .

©www.machera.lu
Die nächsten Termine
Samstag 28.11.202618:30 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Machera - Centre culturel Grevenmacher
3, Place du Marché aux Bestiaux
L-6731 Grevenmacher
Auf Karte anzeigen
©www.machera.lu

!!! CANCELLED !!! A Tribute to Taylor Swift – LOVER by Charity Eden

!!! CANCELLED !!! A Tribute to Taylor Swift – LOVER by Charity Eden
Mehr erfahren
©echo.lu

KOKUBU – The drums of Japan 'INFINITY- Tour 2027'

KOKUBU – The drums of Japan 'INFINITY- Tour 2027'
Mehr erfahren
©echo.lu

Magic Gregorian Night

Magic Gregorian Night
Mehr erfahren
©echo.lu

Hans Sigl: The Christmas Show

Humorvolle Weihnachtslesungen mit Livemusik
Mehr erfahren
©echo.lu

THE ROGER CICERO EXPERIENCE

Zwischen Groove, Humor und Herz
Mehr erfahren
©echo.lu

Billy Joel Experience

Billy Joel Experience
Mehr erfahren
©echo.lu

The Original USA Gospel Singers & Band

The Original USA Gospel Singers & Band
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.