Journée commémorative 2026
Journée commémorative 2026
Den 2. Sonndeg am Juli ass schon zënter 1956 e besonnesche Gedenkdag fir d’Stad Gréiwemaacher. Et geet drëm, un déi Jongen a Meedercher ze erënneren, déi am Zweete Weltkrich hiert Liewe fir d’Heemecht op d’Spill gesat hunn. D’Kräizkapell an de Kräizerbierg mam Kräizwee, déi 2015 op d’Lëscht vun den Nationalmonumenter opgeholl gi sinn, hunn zënterhier en apaarte Stellewäert fir Maacher.
Och 2026 hält den Deche Claude Bache sonndes, den 12. Juli um 10.30 Auer an der Kräizkapell dee Gedenkgottesdéngscht, deen d’Maacher Zwangsrekrutéiert 1956 fir hir gefale Komerode gestëft hunn. D’Chorale municipale mécht sech eng Éier draus, fir d’Mass ze sangen.
.
No der Mass leet de Maacher Gemengerot zesumme mat lokale Veräiner Blumme beim MONUMENT AUX MORTS virun der Kapell nidder, an d’“Sonnerie aux Morts” gëtt gespillt. Duerno geet et am Cortège, begleet vun der HMG, duerch Maacher bis bei d’Stadhaus. Zesumme mat der Lokalsektioun vun den Zwangsrekrutéierten “Ons Jongen” lued de Schäfferot d’Maacher Leit ganz häerzlech op dës Gedenkfeier an. Si dréit derzou bäi, datt “Ons Jongen” an eiser Muselstiedchen net an de Vergiess geroden.
.
Et fiert eng Navette vun der Gemeng aus op de Kräizerbierg an zréck. Umeldung bis de 6. Juli an der Réceptioun vun der Gemeng: reception@grevenmacher.lu oder Tel.: 75 03 11-1.