S.A.R. de Prënz Louis vu Lëtzebuerg zu Gréiwemaacher am MiKo
Eng besonnesch Renconter iwwer Dyslexie an Dyskalkulie
S.A.R. de Prënz Louis vu Lëtzebuerg zu Gréiwemaacher am MiKo: Eng besonnesch Renconter iwwer Dyslexie an Dyskalkulie
Mir invitéieren Iech häerzlech op eng speziell Informatiouns- an Austauschsveranstaltung, bei där mir S.A.R. de Prënz Louis vu Lëtzebuerg als Éieregaascht a Referent begréisse wäerten.
De Prënz Louis wäert seng perséinlech Erfarunge mat Dyslexie deelen an eis domat en Abléck an d'Bedeitung vu méi Verständnis a Sensibiliséierung fir Neurodiversitéit ginn.
.
✨ Kommt mat dobäi a profitéiert vun dëser besonnescher Geleeënheet, fir méi iwwer Dyslexie an Dyskalkulie ze léieren, Erfarungen auszetauschen an zesummen iwwer Inklusioun a Chancëgläichheet nozedenken.
?? Mëttwoch, 28. Oktober 2026
?? 19:00–21:00 Auer
?? MiKo – Miseler Kollektiv, 23, rue de Trèves, L-6793 Gréiwemaacher.
Organiséiert vun Aura Dorée ASBL & MiKo – Miseler Kollektiv, am Kader vun eise Renconteren „Aanescht Geduecht“ – dem Neurodiversitéits-Café.
?? Umeldung néideg:
miko.coordination@osgrevenmacher.lu
?? +352 621 676 357 (Message)
.
?? Mir freeën eis op Iech an op en Owend voller Austausch, Verständnis an neie Perspektiven!