TRIKO am MIKO
De reegelméissegen Tricot-Treff fir all Wollbegeeschtert!
De reegelméissegen Tricot-Treff fir all Wollbegeeschtert!
All zweete Méinden am Mount.
En oppenen, entspaanten a faarwegen Handarbechtstreff fir jiddereen, dee gäre mat Woll a Fiedem schafft –oder et vläicht vun anere léiere wëll.
.
Kommt laanscht matt ärer Stréck, Heekel oder Spannrad fir e puer gemeinsam Stonnen an engem flotte Kader, gären och mat äre Kanner! Loosst eis kucke wat sech draus entwéckelt… well Fiedem verbannen.
Material fir Ufänger ass (a begrenztem Mooss) do.
.
Kaffi an Téi ginn et op der Plaz.