Info-Sessioun Bee Secure:
Wësst dir wat äer Kanner um Internet maachen?
Praktesch Tipps an en Austausch iwwer Bildschirmzäit, kënschtlech Intelligenz, den éischte Smartphone, d’Preventioun vu Cybermobbing a villes méi..
.
Fir eise Kanner en séchert a verantwortungsvollt Online-Erliefnis ze garantéieren, sollten d’Eltere sech mat den Erausfuerderunge vum Internet ausenanersetzen.
Dës thematesch Aktivitéit vu BEE SECURE baséiert op dem Eltereguide „Bildschirme in der Familie“ a wëll den Elteren praktesch Tipps a Rotschléi ginn, fir e sécheren an un d’Liewenswelt vun der Famill ugepassten Ëmgang mam Internet ze fannen.
D’Aktivitéit bitt d’Méiglechkeet, sech mat de verschiddenen Erausfuerderungen auszetauschen an zesummen no Léisungen ze sichen, déi am Alldag vun der eegener Famill ëmsetzbar sinn.