Una Serata Italiana
Una Serata Italiana
De Luxembourg Philharmonia Orchester freet sech, fir Iech zesumme mat sengem Chefdirigent Martin Elmquist op e wonnerschéinen italieeneschen Owend anzelueden. Zesumme mat der ungarescher Sopranistin Márta Stefanik an dem spueneschen Tenor Igor Peral presentéiert den Orchester e puer vun deene schéinsten a bekanntsten Arien aus italieeneschen Operen. D’Komponisten Donizetti, Verdi a Puccini stinn am Mëttelpunkt vum Programm. Och bekannt neapolitanesch Lidder wéi Torna a Surriento a Mattinata däerfen op dësem Owend net feelen. Fir Gäscht aus der Kategorie 1 besteet zousätzlech d’Méiglechkeet, e klengen Dësch ze reservéieren an am Laf vun der Presentatioun eng Auswiel vun italieeneschen Antipasti ze genéissen. Freet Iech op e genossvollen Owend, gefëllt mat italieenescher Musek, mat Wäin a mat enger Auswiel vu klenge kulinaresche Spezialitéiten.