Wanneer? Zaterdag 22.11.202515:00 - 20:00

Maacher Kërmes

Waar? 10, Route du Vin, L-6794 GREVENMACHER Andere

Maacher Kërmes

Deze inhoud is helaas niet in het Nederlands beschikbaar.

Maacher Kërmes

den 22. November um 15 Auer:

Optakt mat Hämmelsmarsch (HMG)

a Cortège dorrech den Zentrum vu Maacher


De Schäfferot, d’Maacher Geschäftsleit

an de Syndicat d’Initiative et de Tourisme (SITG) vu Gréiwemaacher

invitéieren all Maacher Bërgerinnen a Bërger ganz häerzlech op d’

Maacher Kërmes wéi fréier

mat Hämmelsmarsch (HMG) a Cortège vun

der Gemeen aus dorrech den Zentrum vu Maacher

(Moartplaz, Groussgaass, Diddenhuewener Strooss, Tréiererstrooss,

rue de la Moselle, Parking Laangwiss)

samschdes, den 22. November 2025, vu 15 Auer un.

Den offiziellen Optakt vun der Kërmes ass

géint 16.00 Auer um Parking Laangwiss.

Attraktiounen:

Knuppautoen, Ballschéissen, Intefëschen a vill méi!

D’Kërmes ass op vum 22. bis 30. November 2025.

.

Den Hämmelsmarsch ass en ale Lëtzebuerger Brauch, deen am

Kader vun der Schueberfouer opkoum. Beim Präisschéisse konnt

.

een op der Stater Kiermes Hämmele gewannen. Dës Déiere sollten dofir schonn am Cortège vun der Musek gewise ginn, fir Reklamm ze maachen.

Lues a lues huet de Brauch sech am ganze Land verbreet. D’Musek laut mat enger aler Volleksweis, déi och den Numm „Hämmelsmarsch“ krut, d’Kiermes an de Stroosse vun der Stad, respektiv vun der Uertschaft, an.

Den Auteur vun der Volleksweis ass net bekannt. Ee vun eisen Nationaldichter, de Michel Lentz (1820-1893), huet am 19. Jorhonnert en Text derzou geschriwwen. Doraus ass dat Lidd entstan, dat dacks ënner dem Numm „Schuebermëss“ publizéiert gouf, den „Hämmelsmarsch“.

©echo.lu
Volgende termijnen
Zaterdag 22.11.202515:00 - 20:00
Zondag 23.11.202515:00 - 20:00
Maandag 24.11.202515:00 - 20:00
Dinsdag 25.11.202515:00 - 20:00
Woensdag 26.11.202515:00 - 20:00
Donderdag 27.11.202515:00 - 20:00
Vrijdag 28.11.202515:00 - 20:00
Zaterdag 29.11.202515:00 - 20:00
Zondag 30.11.202515:00 - 20:00
Alles tonenMinder

Locatie

Adres: Parking Laangwiss
10, Route du Vin
L-6794 GREVENMACHER
Op kaart tonen
©echo.lu

Maacher Kërmes

Maacher Kërmes
Meer informatie


Inhoud geleverd door ECHO - Inlichtingen onder voorbehoud van veranderingen en zonder verplichtingen !

Wenst U uw manifestaties aan te kondigen in de agenda ? Registreer uw manifestaties op www.echo.lu/en/organiser.