Mäin Kreativt Ech
Mäin Kreativt Ech
Hues du Loscht emol eppes aanescht auszeprobéieren?
Deng Kreativitéit ze entdecken an däin eegene Wee fir dech auszedrécken ze fannen? – An dat ganz ouni Viraussetzungen a ganz an dengem Tempo?
Mat spillereschen Übungen verbanne mir eis mat Stëmm, Kierpersprooch, Beweegung, kreativem Schreiwen an Improvisatioun – mol alleng, mol zu zwee, mol an der Grupp.
Du muss keng Erfahrung hunn, näischt virweise kënnen a net extrovertéiert sinn.
.
Et gëtt kee Richteg oder Falsch a keng Bewäertung.
Alles dierf, näischt muss.
Komm laanscht, probéier dech aus a kuck, wat an dengem kreativen Ech stécht.
Op Spendebasis
_____
.