Yoga for Everybody
Yoga fir all Mënsch
Dëse Yogacours ass eng Invitatioun, fir zur Rou ze kommen, de Kierper bewosst ze spieren an nei Kraaft ze tanken. Am integrale Yoga verbannen mir Kierperstellungen (Asana), bewosst Otmen (Pranayama), déif Entspanung an Uechtsamkeet zu enger ganzheetlecher Praxis.
.
D’Übunge hëllefen, am Moment unzekommen, lasszeloossen an de Geescht souwéi de ganzen Nervesystem ze berouegen.
De Cours ass fir jidderee gëeegent – onofhängeg vum Alter, der Beweeglechkeet oder der Yogaerfarung. All Übung gëtt individuell ugepasst, esou datt jidderee säin eegent Gläichgewiicht a säi Wuelbefanne fënnt. Et brauch kee Virwëssen, an et gëtt kee Leeschtungsdrock.
Bréngt w.e.g. eng Yogamatt mat, eventuell eng Decken, a kommt a bequeemer Kleedung.
Aschreiwungen: miko.coordination@osgrevenmacher.lu
Bäitrag pro Cours: 15 eur
.