Aanescht Geduecht
Dyslexia & Dyscalculia
Mir invitéieren Iech op eng Informatiouns- an Austauschsveranstaltung iwwer Dyslexie an Dyskalkulie. Dës Begéinung bitt d'Méiglechkeet, d'Erausfuerderungen an den Alldag vu betraffene Kanner an Erwuessenen besser ze verstoen an iwwer Weeër fir Inklusioun, Léiererfolleg a Chancëgläichheet ze schwätzen.
Mir freeën eis, S.A.R. de Prënz Louis vu Lëtzebuerg als Gaascht a Referent begréissen ze dierfen. Hie wäert seng perséinlech Erfarunge mat Dyslexie deelen an domat zu engem bessere Verständnis vun der Neurodiversitéit bäidroen.
Invité de marque & Referent: S.A.R. de Prënz Louis vu Lëtzebuerg
Organiséiert vun: Aura Dorée ASBL & MiKo – Miseler Kollektiv
Mellt Iech w.e.g. am Viraus un op miko.coordination@osgrevenmacher.lu oder per message op den 621676357.
.